De Front de Thionville: d’Südfront vun der Festung

Visite guidée "hors les murs" am Kader vum Urban History Festival

D’Visite guidée dréit ëm d’Entsteeung vun de Festungswierker vum Plateau Bourbon bis bei de Boulevard d‘Avranches, déi de Chefingenieur Simon de Bauffe ab 1728, ënnert den éisträicheschen Habsburger, erbaue gelooss huet. Déi zum Deel nach ënnerierdesch Vestigen um Terrain tëschent der Bourbon- an der Grondschleis ginn zesummen ofgeschratt a mat engem groussen an ganz detailléierten Plang vum De Bauffe – aus den Archives générales du Royaume vu Bréissel, deen an der aktueller Expositioun „Sub umbra alarum“ am Musée Dräi Eechelen nach bis den 23. Juni ze gesinn ass – thematiséiert.

Obligatoresch Umeldung: visites@2musees.vdl.lu

Départ: 2, Place de Metz (Spuerkeess)

Arrivée: Lift am Gronn

Bréngt wgl eng Täscheluucht mat a fest Schung!

 

 

Dernière mise à jour