“Bon, ech sinn eben e prince de la Renaissance...“

Eng Taass Téi mam… Peter Ernst von Mansfeld

Ech hu mech schonn oft gefrot wéi dat wier en direkten Abléck an d’Geschicht ze kréien, einfach d’Leit aus der Zäit froen ze kënnen, a sech net just op Bicher an Artikelen bezéien ze mussen. Genau déi Éier hat ech kierzlech bei engem Treffen am Musée Dräi Eechelen: en direkten a ganz éierlechen Interview mam Peter Ernst von Mansfeld bei enger Taass Téi.

Gudde Moien Här Mansfeld…

Ech begréissen Iech!

Villmools Merci dass Dir Iech Zäit fir eis geholl hutt.

Jo, also, ech hu lo net sou vill Zäit. Ech hu grad den Hans Vredeman de Vries gefrot – e bekannte Moler, oder och Architekteur… also Dir benotzt jo well zwou Persounen heifir – en Architekt an Ingenieur, an den de Vries ass déi zwee, en Architekteur eben…

Oh, mat him géing ech bestëmmt vill Sue spuere beim Bauen!

Majo selbstverständlech! Mee den Hans Vredeman, ech kann Iech soen, ass awer och lo net de bëllegsten... [sicht no sengem Fuedem] Hien ass, op alle Fall, grad amgaang e Portrait vu mir ze molen, an ech muss lo mol eng Paus maachen. Ech stoung lo schonn zwou Stonnen do, da brauch een einfach mol eng Paus. Dofir hunn ech haut souguer meng Sporen ugedoen.

Ass et e Kapp bis Fouss Portrait?

Jo, de ganze Kierper ! Dee kënnt a meng Galerie.

Ass déi an Ärem Schlass?

Jo, jo, a meng Galerie am Schlass. Bei meng Peinturen. Ech hunn där lo 132 an et wäert dat lescht sinn – d’Finall! Bon, dat hunn ech och scho virdru gesot an ech hunn trotzdeem nach weider bestallt, mee dat do ass awer lo wierklech dat lescht [kuckt ganz entschlossen].

Da kommt Dir op 133, huet déi Zuel eng besonnesch Bedeitung, oder ass et éischter eng Fro vun der Plaz?

Nee, nee… iergendwann eng Kéier feelt et och un de Mënz… Nee, nee… Plaz hätt ech nach! Hutt Dir meng Sammlung nach net gesinn? All déi Schluechten an deenen ech war hunn ech mole gelooss, all meng Kinneken déi ech… Wësst Dir, wann dir 59 Joer laang hei sidd, iwwerlieft dir schonn eng ettlech Rei u Monarchen. [Gëtt nostalgesch] Charles Quint, Philippe II… an deem säi Bouf, de Philippe III… an dunn hunn ech mech jo matt menger Zäitmaschinn 1604 op de Wee gemaach.

Ier mir op Är Aventuren duerch d‘Zäit méi aginn, géing et mech, als Konschthistorikerin natierlech interesséieren, op all d’Biller an Ärer Sammlung Optragsaarbechte sinn? Ech hunn nämlech eng Kéier héieren, dass Dir souguer e Bild vum Hieronymus Bosch hätt?

Oh jo… do misst ech meng Experten nach eng Kéier froen, dat ass mir lo net méi sou an der Mémoire.

Dir sammelt also Konscht, Biller a Skulpturen, interesséiert Iech notamment fir Technologie – ech gesinn Är Auer an Dir hutt Är Zäitmaschinn jo schonn ernimmt – géingt Dir Iech als e Renaissance Mann bezeechnen?

Ah, bien sûr! Ganz kloer beäntwerten ech déi Fro mat engem „OUI“! Also dofir hunn ech jo och mäi Schlass La Fontaine am Renaissance Stil baue gelooss. Ech brauch jo eppes fir hei ze representéieren, mäi Stand an Interessi u menger Zäit ze weisen. Bon, ech sinn eben e prince de la Renaissance.

Dat kënnt Dir roueg schreiwen! Un prince de la Renaissance, jo dat sinn ech, dat kann ee sou soen. Äert Schlass, La Fontaine, schéngt wierklech beandrockend. Dir hutt Ären Architekteur jo schonn ernimmt, wéi grouss kann een sech dat Ganzt virstellen, wann een et nach net gesinn huet?

Ma ganz Clausen! Dir kennt jo Clausen! Ech hu souguer d’Uelzecht ëmleede gelooss, fir do eng riicht Mauer ze maache wou ech da mäi Baseng hunn. A bei dem hënneschte Fiels wou d’Quelle rauskommen, do huelen ech d’Waasser fir meng Bueren hier, sou dass sech mäi Schlass bis bei d’Bréck, wou mëttlerweil d’Hondhaus ass, erstreckt.

Dat Haus ass awer net no Ärer schéiner Muppeskulptur benannt oder?

Nee nee, déi wonnerschéi Skulptur stoung am Agang wou d’Quelle sinn. Mir hunn deen Agang ganz natierlech gehal, wéi wann et eng Grott wier, ganz romantesch – vläicht géing een dat haut als kitscheg empfannen – mais moi je m’en fous! Maja, an do bei der Entrée loung déi Dogg aus Toun. An ech kann Iech soen, déi war esou prezis geschafft, dass ech der vill rëm aus Angscht raussprange gesinn hunn!

Dat gleewen ech gären, en ass jo nach ëmmer zimmlech beandrockend – trotz dem klenge Schuet.

Oh, jo [ganz houfereg].

Dir sammelt Skulpturen, Biller,... Bicher? Och, och! Ech hunn zwar lo domadder opgehalen. Dat ass zwar eng länger Geschicht… Bicher hu mech nach ëmmer interesséiert, awer d’art de la reliure hunn ech réischt méi spéit fir mech entdeckt, ënner manner idealen Ëmstänn. Ech souz fënnef Joer laang bei de Fransousen a Gefaangenschaft.

Dat ass laang…

Jo dat ass laang. Meng Mercenairen hu mech do einfach am Stach gelooss a mäi Kinnek, de Charles Quinte, huet kee Léisegeld fir mech bezuelt. [Mat liichtem Schluchzer an der Stëmm] No allem wat ech fir hie gemaach hunn, huet dee mech einfach fënnef Joer do sëtze gelooss. Réischt säi Bouf, wéi dee Kinnek gouf, huet dee mech rausgeholl.

An dir hutt a Gefaangenschaft geléiert wéi ee Bicher bënnt?

Also, ech... [liicht verleeën] …ech hunn et net selwer gemaach…

Ah, Dir hutt d’Appreciatioun vum Bannen geléiert?

Ech hunn déi schéinste Reliure gesinn… einfach fantastesch! Déi hunn sou gutt Leit gehat a Frankräich do beim Henri II. am Schlass vu Vincennes. Dat heescht ech hu Bicher kaaft an dunn an Optrag gi fir eng nei Reliure mat mengem Emblème a menger Devise „Force m’est trop“. An all Buch ass déi dran. Also déi Devise verkierpert mech jo awer, fannt Dir net och? Also fir een deen 59 Joer laang Gouverneur hei war… 1517 gebuer bis 1604, mat 87 hunn ech mech réischt mat der Zäitmaschinn dervu gemaach… also wann dat net „Force m’est trop“ ass, ech hat der zevill, ech hat der zevill! 

Am Géigesaz zu den einfachen Zaldoten an Ärem Regiment, ass et Iech dann awer zimlech gutt an der Gefaangenschaft ergaangen, wann Dir souguer Bicher kafen an an Optrag gi konnt?

Natierlech, ënnert der Nobless besteet do e gewësse Respekt. Wa mir hei ee vun der franséischer Nobless hei a Gefaangenschaft haten, an dee war quelqu’un dann hu mir deen och net egal wouhi gesat. An et geet jo drëm fir ze bezuelen – wat ee méi nobel ass – wat méi Léisegeld.

Géingt Dir da vun Iech selwer behaapten dass Dir un e gewësse Luxus gewinnt sidd? Ech mengen Dir hutt e Schlass, drot d’Gëlle Vlies, souguer als Prisonéier hutt Dir e gewëssene Wuelstand genoss, ech ka mir nëmme virstellen, dass Dir dat gréissten a mëllstent Bett hutt!

Nee, nee, nee, also sou ee sinn ech net! Also et ass scho flott am Luxe sou bëssi ze schwadronéieren, mee kuckt: ech schlofe souguer a mengem Schlass ganz bescheiden op mengem Feldbett – dat nämmlecht wat ech och agepaakt hunn wann ech op d’Schluecht gaange sinn. Ech hu gären an deem geschlof. An ech hu gutt an deem geschlof!

Ass dat fir dass Dir net zevill verweechlecht? Fir eng gewëssen Häert ze hale fir är Turnéier, är Feldzich…

Force m’est trop, dat seet jo alles!

Kënnt Dir eis och eppes iwwert Turnéier erzielen?

Jo ganz gären, dofir hunn ech se jo och mole gelooss. Mir hu ganz vill Turnéieren zu Bréissel gemaach. Bon, et ass jo lo bëssi eng Zäit wou mat all dem Polver a sou sech d’Spillfeld staark wäert veränneren, soudass d’Ritterwiesen sou lues ophale wäert. Awer trotzdeem maache mir awer nach déi Turnéieren do, dir kennt déi jo, déi mat de laange Lanzen…

D’Joute?

Jo jo, genau, sech mat de Lanze vum Päerd rofstoussen… dat hunn ech nach gemaach, an dann hu mir zu Bréissel riseg Schluechten inzenéiert, wou Honnerte vu Leit géinteneen ugetruede sinn. Iwwer zwee, dräi, véier Deeg, hu mir do gekämpft. Matt enger grousser Mise-en-scène an Turnéier. Ech hat e schlëmmen Accident bei der Joute: eng Lanz war gebrach an dat ass d’Ursaach fir all déi Läinzeechen hei a mengem Gesiicht. Ech kann Iech soen, ech hunn där scho puer erwëscht. Mee, force m‘est trop!

Hutt Dir da méi Wonnen aus richtege Schluechten oder aus Turnéier an inzenéierte Schluechte gedroen?

Ech hunn zwar scho Wonnen aus Turnéier, mee déi schlëmmst krut ech den 3. Oktober 1569 an der Schluecht vu Moncontour. Do hunn ech souguer fir de franséische Kinnek gekämpft – ech hu jo soss ëmmer géingt hie gekämpft – awer hei war ech mat him géingt déi franséisch Hugenotten. Ech war eben de Kommandant vun den Truppen, an do ass mäin Aarm elle verwonnt ginn – dofir droen ech och déi heite Montur [hie weist op säi lénken Aarm]. Mee wat hat ech do eng Chance dass do en Dokter war, dee mech do rausgezunn a verfleegt huet…Force m’est trop!

Force m’est trop… ass dat dann och de Grond firwat Iech Är eegen Zäit net méi duergaangen ass an Dir eng Zäitmaschinn entwéckelt hutt an Dir Iech duerch d’Zäit gewot hutt?

Jo, dat war mat mengen Ingenieuren deemools. Wéi gesot, an der Renaissance Zäit hat ech mäi Schlass La Fontaine eben net just fir ze representéieren – och wa mol Léit op Bréissel komm sinn – mee ech hat och déi beschten Ingenieuren. Am héijen Alter hat ech dunn d’Iddi eng Zäitmaschinn ze bauen, mee ech hat ni geduecht, dass mir dat géinge packen. Zwanzeg Joer huet dat gedauert. An 1604 hunn ech meng éischt Aventuren domadder gemaach. An et huet direkt geklappt!

Wat war dann Är éischt Aventure?

Ma an den Neolithikum! Deen huet mech ëmmer begeeschtert. 5000 viru Christus! Géingt Dir deen dann och als Är Liblingsperiod bezeechnen oder wat ass Äert léifstent Joerhonnert? 16. Joerhonnert, Äert Doheem, oder awer léiwer d‘Réimer? Obwuel mäin eegent Joerhonnert schonn ustrengend war, mat all de Kricher a Schluechten, dohinner passen ech am Beschten. De Mansfeld gehéiert op d’Schluechtfeld! Dat anert ass schonn interessant, mee ech sinn nu mol e prince de la renaissance.

An deem Sënn soen ech Iech och villmools Merci fir Är Zäit! An dass Dir nach vill spannend Aventuren erlieft: May the force be with you!

Ma nee ech hunn dach d’Force – La force m’est trop ! [laacht häerzlech] Wann och Dir lo Loscht krut de Mansfeld ganz perséinlech ze erliewen a mat him duerch d‘Zäitgeschicht ze reesen, da kënnt Dir dat hei am Nationalmusée um Fëschmaart maachen.

Lisi Linster am Austausch mam Lex Gillen als Peter Ernst von Mansfeld

Eng gratis Theaterféierung vu „Mansfeld um Tour“ fënnt am Kader vun de Luxembourg Museum Days am Nationalmusée um Fëschmaart statt: e Samschdeg 18. Mee um 11 Auer op Lëtzebuergesch.

Dernière mise à jour